top of page
IMG_0371.JPG

D'Léift nei entdecken

Als Papp zeréck zu erfëllter Partnerschaft a leidenschaftlecher Intimitéit

Lo an der gratis Facebook-Grupp

Dreems du och dovun?

Rëm en entspaanten Alldag als Koppel zu hunn, trotz ustrengendem Familljeliewen?

Rëm déi Leidenschaft mat denger Fra z'erliewen, wéi virun de Kanner?

Deng Fra net méi fir Sex mussen z'iwwerrieden, well si vun sech aus Loscht huet?

Eng Léisung ze fannen, fir är momentan Situatioun, déi liicht geet an dauerhaft bleift?

De Problem

X

Är Bezéiung huet sech säit de Kanner staark zum Negative verännert, dir streit just, an dir genéisst keng Zäit zu 2 méi.

X

Du hues d'Flemm, beim Thema Sex déi ganzen Zäit vun denger Fra zeréck gewisen ze ginn, well si ni Loscht huet.

X

Du hues deng Fra gär, mee ënnert de momentanen Ëmstänn frees de dech oft, firwat's de iwwerhaapt nach bei hir bleifs.

Du bass hei genau richteg...

IMG_0411.jpg

...wann's du d'Flemm hues, déi ganzen Zäit kritiséiert ze ginn, an et ëmmer falsch ass, egal wéi's du et mëss.

IMG_0492.JPG

...wann's du einfach rëm schéi Momenter mat denger Fra alleng wëlls erliewen, ouni d'Kanner an ouni Sträit.

IMG_0431.JPG

...wann's du als Mann endlech rëm eng erfëllten Sexualitéit wëlls erliewen, déi deng Fra och genéisse kann.

211512_ClaudineBernard_83.jpg

Ech sinn d'Claudine

Expertin fir erfëllt Partnerschaft a weiblech Sexualitéit

No 12 Joer Bezéiung, an als 2-fach Mama, kennen ech d'Herausfuerderungen, déi d'Familljeliewen mat sech bréngt, a wéi d'Koppelliewen dorënner ka leiden. Ech sinn awer iwwerzeecht: En erfëllt Intimliewen ass och als Eltere méiglech! 

​

Ech ënnerstëtze scho laang Fraen dobäi, hir Loscht op Sex no de Schwangerschaften an am ustrengenden Alldag rëmzefannen. No all där Erfahrung, hunn ech lo och Loscht, mat de Männer ze schaffen. 

​

Firun enger Zäit war ech genau déi Fra, déi just gemeckert huet, a mäi Mann just kritiséiert huet. Eist Intimliewen war langweileg, a mir hu just nach gestridden. Mee ech hunn erkannt, wat bei eis falsch gelaf ass, an op wat et an der Partnerschaft wieklech ukënnt. 

Haut ass eis Bezéiung sou gutt wéi nach ni - an dat no 12 Joer! 

​

Ech ënnerstëtzen dech dobäi, dass dir als Koppel nees beieneen fannt, an dass dir rem Spaass zësummen hutt. Ech hëllefen dir ze verstoën, wat Fraë brauchen, a wéi's du deng Zieler kanns ereechen. Du bass net just Papp - mee och e Mann, dee seng Loscht ausliewen därf!

​

Maach elo den éischte Schrëtt fir deng Verännerung!

P.

"Ech sinn dankbar fir d'Zësummenaarbecht, an hu geléiert, rem Freed um Sex ze hunn." 

Dat ereeche mir zësummen

IMG_0416.JPG

Du verstees, firwat et grad net klappt, wat dir eenzel an als Koppel braucht, a wéi dir rëm zu engem Alldag kommt, ouni Sträit a Virwërf. 

IMG_0392.JPG

Du erkenns, wat Fraë wieklech brauchen fir entspaant ze sinn, fir Loscht op Sex ze hunn a fir richtëg a Stëmmung ze kommen.

IMG_0308.JPG

Ärt Koppelliewen fillt sech endlech rem gutt un, dir hutt rem Freed a Spaass zësummen, souwuel am Alldag, wéi och am Bett.

bottom of page